Write Your Song: An d'Gewënner sinn...

Ee MEGA merci un all déi, déi eis hir Texter geschéckt hunn. Insgesamt waren dat 42 Texter. D'Ministesch, d'Mme Françoise Hetto-Gaasch huet se all duerchgelies an zesumme mat de Gruppen eng Decisioun getraff.

D'Qualitéit vun den Texter war esou gutt, dass dat e bësse méi laang gedauert huet. Elo stinn d'Gewënner awer fest: De Joshi Gottlieb (Hip Hop) an d'Conny Koob (Rock) hunn allen zwee Concerts Ticketen am Wäert vun 1 000 Euro gewonnen!! 

Well all di aner awer och, alleng oder mat hirer Klass, ganz gutt Saachen geschriwwen hunn, konnten si net einfach ouni näischt do stoen. Dofir kréien si all een T-shirt vu MEGA geschéckt. Am Moment sinn d'Lidder am Gaangen vun de Bands produzéiert ze ginn. Virun der grousser Vakanz gëtt et se nach fir um Site ze downloaden.

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS