02|02

Wéini ass laache MEGA?

Laachen oder Auslaachen?

hahaha 

Wéi wait däerf ee mat engem Witz goen, éier dass e net méi witzeg ass ? Déi Fro hues du der vläicht gestallt, wou s de sexistesch, homophob oder auslännerfeindlech Witzer héieren hues.

Mir hunn der Mme Baltes Löhr di Fro och gestallt, well si als Pädagogin weess, dass een ënnert Kollegen oder an der Schoul tëschent de Coursen heinsdo mol richteg den Damp rausloosse muss. An di beschte Méiglechkeet dofir, ass eben eng Kéier gutt ze laachen. D’Fro ass just wéi ee laacht an iwwert wat ee laacht.

Wann s du mol an dénger Clique ee Witz rapps, bass du da sëcher dass jiddereen e gutt fënnt? Kann ee wierklech iwwer Auslännerwitzer, sexistesche Witzer oder homophobe Witzer laachen? Wéini schwätzt ee net méi vu Laachen, mee vun Auslaachen?

D’Christel Baltes Löhr versicht dat net esou streng ze gesinn. Si mengt dass een iwwert ville Saache laache kann, soulaang een sech eens ass, dass et mam Witz ëm eng Vereinfachung vun der Realitéit geet. Esou eng Vereinfachung oder Stereotyp, sinn zum Beispill d’Blondinewitzer. Trotzdem gi Blondinewitzer weider gezielt, vläicht grad well jidderee genee wees, dass se net der Wierklechkeet entspriechen.

Trotzdem mengt d’Christel Baltes Löhr dass ee mat stereotypéierte Witzer vill Schued uriichte kann, wann se zum Beispill dozou déngen, ëmmer di selwescht Persoun oder de selweschte Grupp vu Leit erofzemaachen, oder wann de Witz net méi zouléisst, dass eng Persoun anescht ka sinn well si en anert Geschlecht, eng aner Sexualitéit oder eng aner Nationalitéit huet.

Emgedréint kann d’Fro och esou gestallt ginn : Wéini ass dann ee Witz mega? Äntwert: ganz einfach wa jiddferee matlaache kann.

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS