Weiblech Schinnen

Dass eng Fra als Mécanicienne ka schaffen, ass duerchaus méiglech. De Beweis dofir sin d'Fraen déi dee Beruff op der CFL ausüben. Ok, si sinn nëmmen zu 2, géint 345 männlech Aarbeschtskollegen. An Insgesamt schaffen bei der CFL 324 Fraen an 2.878.Männer. Trotzdem schéngt awer bei der Firma sech eppes ze bewegen.

Laang war d'CFL nämlech ausschléisslech eng Männerfirma. Seit den 80er gëtt do awer keen Ennerscheed méi gemaacht, tëschent männlech a weiblech Kandidaturen. Trotzdem sin d'Fraen nach an deene Beräicher ënnerreprésentéiert, déi méi kierperlech sinn: an den Atelieren a bei den Cadres Techniques. Kontrolleusen gin et der 68, géint 275 Kontrolleuren. Do wou d'CFL awer praktesch d'Égalitéit erreecht, ass op dem kommerzielle Plang a bei der Direktioun. Wann et net em ee Man wier, géingen do esouvill Fraen wéi Männer stoen.

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS