Wéi d'Kanner spillen...

...sou schaffen d'Erwuessener

saute moutonJonge spillen op eng aner Manéier wéi d'Meedercher. Soziologen hu festgestallt, dass Jongen sech éichter u Kompetitiounsspiller interesséieren, wou Meedercher  léiwer op Spiller zréckgräife wou en Dialog entsteet

Do wou d'Jongen de "Kick" sichen, géinge Meedercher éichter versichen, eng Roll z'erfëllen. Esou e Behuelen hängt vun den Stereotypen of, déi mir zanter eiser Kandheet bäibruecht kréien. An déi hëllt ee bis an d'Erwuesseliewe mat.

Elo heescht et awer, dass Meedercher duerch d'Rollespiller Kompetenzen besëtzen, déi hinnen um Aarbechtsmaart zu Gonschte stinn. Esou stellt sech eraus dass Jongen am Beruff léiwer Risiken huelen wéi dass se sech laangfristeg ëm d'Evolutioun vun engem Dossier schaffen. Dogéint hätten d'Meedercher zanter hirer Kandheet sech besser Kompetenzen ugeeegent, fir laang am viraus ze plangen, fir besser ze kommunizéieren, an am Dialog mat aner Leit ze schaffen. A genau déi Kompetenzen ginn haut um Aarbechtsmaart gebarucht.

Wat hälls du dovun?

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS