Wat liesen op der Plage (4) : La princesse qui n'aimait pas les princes

D’Alice Brière-Haquet an de Lionel Larchevêque hunn hei eng ganz lëschteg Geschicht geschriwwen, wou d’Stereotypen funn de Märecher op d’Schëpp geholl ginn.

Der Prinzessin ass eng ganz schmackhaft Mayonnaise gelongen. An dofir mengt de Kinnék, dass et endlech Zäit fir hatt gëtt ee Mann ze fannen. A well jiddwereen am Kinnekräich derselwechter Meenung ass, kommen d’Prënzen alleguer laanscht fir der Prinzessin hir ganz extravagant Talenter ze weisen.

Leider gëtt et keen, deen der Prinzessin wierklech gefällt. Ganz onzefridden doriwwer, rifft de Kinnék d’Fee, fir dass si der Prinzessin ee Lover fënnt. A grad dee Moment huet d’Prinzessin säi coup de foudre: hatt verléift sech an d’Fee.

D’Alice Brière Haquet an de Lionel Larchevêque hunn heimat ee Buch geschriwwen dat sech zwar un di méi kleng riicht, méi wou di grouss och ganz vill Gefale wäerte fannen.

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS