06|07

Wat liesen (2) East Wind: West Wind

Eppes méi romantesches

West Wind:East Wind ass ee ganz populäre Roman, dee 1931 vun der amerikanescher Schrëftstellerin Pearl Buck veröffentlecht ginn ass. En zielt d'Geschicht vun enger chinesecher Fra, d'Kwei Lan, déi an enger ganz traditionneller chinesescher Famill lieft.

Wou d'Kwei Lan awer de Mann bestued, deem hatt seit der Gebuert versprach war, ännert säi Liewen sech radikal. Säi Mann ass nämlech Dokter an huet an Amerika studéiert. No sengem Retour a China wëllt heen also och wéi en Amerikaner liewen. Seng Fra soll respektéiert ginn, a soll sech och esou undoe dierfen, wéi eng modern amerikanesch Fra (deemols hun di jonk Chinesinnen nämlech missten hir Féiss esou awéckelen, sou dass se net gewuess sinn). Am Laf vum Roman entdecks de, wéi d'Kwei Lan mat sengem neie Liewen eens gëtt, a wéi sech di gezwéngte Bezéiung mat sengem Mann lues a lues verännert.

D'Pearl Buck huet an enger Zäit gelieft, wou den Ënnerscheed tëschent Osten a Westen ganz ausgprägt war. Well si a China gelieft huet, war si ganz opmierksam dodrop an huet versicht déi Situatioun a Romanen duerzestellen. Si huet sech och fir Fraerechter agesat, an huet 1938 de Nobelpräis fir Literatur kritt.

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS