05|07

Wat liesen (1) : Frankenstein

Ee Plaidoyer fir Gläichheet

FRankensteinEsou lues geet d'Vakanz un, a vill ënnert eis sinn am gaangen Bicher erauszesichen fir op d'Plage. An de nächsten Deeg kriss du op www.echsimega.lu eng ganz Partie Bicher virgestallt, déi eppes mat Gläichheet ze dinn hunn.

Do gehéiert zum Beispill de "Frankenstein" ee spannende klassiker aus der Horrorliteratur, deen engem haut nach d'Gänsehaut gëtt. Den Auteur, d'Mary Shelley (1817) ass eng vun de wéinegen ganz bekannte Fraeschrëftstellerinnen aus dem 19. Jorhonnert. Si huet sech ënner anerem mat Fraerechter befaasst, an hir Iwwerleeunge fënnt een am "Frankenstein" erëm.

Story:

Am Buch geet et ëm de Viktor Frankenstein, ee Wëssenschaftler, dee no méintlaangem schaffen eng menschenhaft Kreatur op d'Welt bréngt. Wou d'Kreatur awer lieweg gëtt, a wou de Wëssenschaftler gesäit wéi grujeleg déi ausgesäit, léisst hien se einfach am Stach a mécht sech dovun ! D'Kreatur muss da kucken fir alleng an der onbekannter Welt eens ze ginn. Am Ufank mécht si dat mat guddem Wëllen, awer se mierkt ganz séier, dass si opgrond vun hirem Ënnerscheed zu den anere Mënschen, net akzeptéiert gëtt. Lues a lues verwandelt si sech an engem rachenhafte Mörder, deen den Dr Frankenstein säi Liewen zerstéiere wëllt.

"Frankenstein" ass ee ganz aktuellt Buch iwwer d'Exzesse vun der Wëssenschaft, mais och iwwer d'Ignoranz an Diskriminatioun. D'Mary Shelley war der Meenung dass d'Mënschen net vu Natur aus verschidden oder béis wieren, mais dass si esou géingen erzu ginn. An hirem Roman gëtt duergestallt zu wat d'Topegkeet vun de Menschen féiere kann.

D'Mary Shelley war d'Meedchen vun der feministin Mary Wollstonecraft, déi 1792 ee Buch fir d'Rechter vun de Frae geschriwwen huet. vun do kënnt hir Iddi, dass Bildung déi beschte Léisung géint d'Diskriminatioun ass, eng Iddi déi een am "Frankenstein" ëremfënnt.

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS