Wat ass Chancegläichheet?

Obwuel mir all verschidde sinn, hu mir all di selwecht Rechter, egal op Mann oder Fra. Chancegläichheet bedeit also, dass een als Mann oder als Fra genau di selwescht Méiglechkeeten soll kréien, wat d'Wiel vun engem Beruff ugeet, wat engem seng Interessen sinn, wat den Accès u Studien ubelaangt, oder wat d'Roll an der Gesellschaft ugeet.

Zwar ginn et Ennerscheeder tëschent Jongen an Meedercher, dofir brauchs du einfach ze kucken wéi et bei dir an der Klass oder am Club leeft. Mä all Mensch ass eben verschidden. Dat soll een awer net drun hënneren, di selwecht Opportunitéiten ze gräifen wéi een Aneren. An genau dorëms geet et: dass du d'Recht solls hunn, däin Liewen esou ze gestalten wéi s du et och gären häss.

Fir dir déi Méiglechkeet ze bidden, ginn et verschidde Gesetzer, an och ee speziellen Ministère.

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS