22|06
Wann d’Fraen sech hannert d’Steierrad setzen
A Saudi Arabien wëllen d’Fraen och Auto fueren
Wéi géings du reagéieren wann, laut Gesetz, d’Frae d’Rescht net hätten, mam Auto ze fueren? Mat esou engem Gesetz liewen d’Fraen a Saudi Arabien zënter Joren. An dofir hunn si de 17. Juni eng Protestaktioun gestart, wou si sech hannert d’Steierrad gesat hunn an duerch d’Stied gefuer sinn.
Vill vun deene Fraen hunn am Ausland de Führerschein gemaach. Mä well hiert Heemeschtland net séier genuch mat senge Reformen virugeet, däerfen si doheem kee Volant upaken. Fir zum Beispill op d’Aarbecht ze fueren, ginn si entweder vun hirem Mann gefouert, oder vun engem Chauffeur. Dacks kënnt dee Chauffeur aus Asien a kritt extra ee Visa fir a Saudi Arabien schaffen ze dierfen.
D’Revolte schéngt zwar kleng, mä si ass wichteg
Gewëss hues de matkritt, dass et am Moment an den arabesche Länner zimmlech hefteg hirgeet. Am Verglach mat Syrien, Tunesien an Ägypten ass Saudi Arabien relativ verschount bliwwen. Trotzdem gesinn d’Fraen déi sech un d’Protestsaktioun bedeelegt hunn, am sougenannten arabesche Fréijor en Zeechen, dass et Zäit gëtt, dass sech Saudi Arabien den heitegen Ëmstänn upasst.
D’Protestaktioun vun den saudi-arabesche Fraen huet fir eng gewëssen Onrou gesuergt, virun allem bei den konservativen reliéisen Responsablen, déi mengen, dass d’Fraen net sollten mam Auto fueren.
Dogéint huet de 79 Joer ale Prënz Talal bin Abdul-Aziz al-Saud gemengt, dass d’Gesetz zevill Zäit geholl hätt fir sech dem aktuelle Stand vun der Gesellschaft z’adaptéieren, well net genuch jonk Leit un d’Macht komm wieren.








COMMENTS