Verschidden, an trotzdem gläich

Eng Partie Kommentaren mengen, dass Männer a Fraen trotz der Chancegläichheet awer nach ganz verschidde sinn... Firwat net? Männer a Fraen, Jongen a Meedercher si verschidden. Och wann et net ëmmer einfach ze klären ass, op dat elo reng biologesch ass oder éischter ugewinnt.

Heescht dat elo dass dir, Jongen a Meedercher net gläich sidd? Natierlech net : Gläichheet bedeit net dass Männer solle schwanger sinn, oder dass eng Fra e Muskelprotz soll ginn. Wa mir all identesch wieren, wier eis Gesellschaft net gläichberechtegt, mä langweileg. Et stëmmt jo och dass een tëschent Jongen oder tëschent Meedercher ganz ënnerschiddlech Leit fënnt. Trotzdem huet jiddereen di gläich Rechter. Gläichheet bedeit also net dass een kierperlech identesch soll sinn, mä dass een dat däerf maache woufir ee begabt ass, a woufir ee Loscht huet. Onofhängeg dovun op ee Mann oder Fra ass.

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS