Velos Reparatur fir Meedercher
Extra fir d'Meedercher organiséiert d'Gemeng Suessem ee Cours fir de Velo ze flécken. Do léiers de wéi ee mat wéineg Opwand a Geschéck kann de Vëlo erëm an d'Rei setzen.
Schreif dech einfach an, bréng däi Vëlo mat a scho geet et lass! Mat e bësse Mutt a mat wéineg Handwierkssaache kanns och du zur Spezialistin ginn.
Wou: Jugendhaus Zolwer 75, rue de Belvaux
Wéini: 14.00-17.00 Auer
Bedeelegungskäschten: 5 €
(mat abegraff ass d'Material fir de Vëlo ze flécken)
Umelle kanns du dech beim:
Jugendtreff Saba
Tél. 59 34 07
e-mail: saba@pt.lu
Chancegläichheetsservice
Mme Ruth Marchewka
Tel. 59 30 75 48
e-mail: ruth.marchewka@sanem.lu








COMMENTS