Véiert Sëtzung vum Jugendparlament
Leschte Samschden hunn di Jonk Memberen vum Jugendparlament sech an der Bibliothéik vum Cité, an der Stad, getraff. Do goung et ëm Themen wou di Jonk sech betraff spieren. Sechs Resolutiounen stoungen um Programm: D'Roll vun der Lëtzebuerescher Arméi am Afghanistan, d'Wahlrecht ab 16 Joer, d'Trennung vu Kierch a Staat, d'Reduzéieren vun den öffentlechen Ausgaben, d'Reform vum Staatshaushalt an eng Stellungnahm vum Jugendparlament zur Ried zur der Lag vun der Natioun.
D'Jugendparlament ass eng Plaz wou di Jonk iwwer Theme schwätze kënnen, déi hinne no leien. Et ass och ee Mëttel fir dass Politiker gewuer ginn wat di Jonk denken. Dofir treffen sech réigelméisseg Vertrieder vun der Chamber, mat Memberen vum JP. Den 18. Mee ass dat nees de Fall, wann d'Commission Famille, Solidarité et Intégration vum JP sech mat der Commission de la Jeunesse, de la Famille et de l'Égalité des chances vun der Chamber trëfft.








COMMENTS