Typesch an atypesch Beruffer

Du kanns dozou bäidroen dass d'Situatioun vu Männer a Fraen sëch an der Beruffswelt ausgläicht. Dofir solls du einfach dengen eegenen Dreem nogoen, an dee Beruff auswielen deen dir gefällt, egal ob d'Leit soen, dass et éichter ee Männerberuff oder ee Fraeberuff ass! A wa jiddereen esou mëscht wéi s du, kënnt d'Gesellschaft och vläicht weider.

A ville Beruffer ass den Undeel u Fraen a Männer am Gaangen sech auszegläichen. Innerhalb vun 10 Joer huet d'Zuel vun Architektinnen an Ingenieurinnen sech verduebelt. Ausserdeem ginn et och 20 % méi Juristinnen wéi an 1997. Am Joer 2007 waren 46% vun allen Juristen, Fraen.

Trotzdem gi verschidde Beruffer weider mat spezifesch Geschlechter assoziéiert. Sou fënnt een am Beräich vun den SekretärInnen, InfirmierInnen an ReceptionnistInnen zum Beispill en Undeel vun 80% un Fraen. 

Dogéint fënnt een aner Beräicher éischter Männer: Bauwiesen (84%), Aarbecht mat Maschinnen (93,3%).

Dat huet e Grond: mir treffen eis Entscheedungen net aus eegen Initiativ, mee well mir bestëmmte Rollebiller integréiert hunn.

Mä och do änneren sech lues a lues d'Verhältnisser ... andeem s du erausfënns wat s du wëlls, an en Job wiels, deen s du dir selwer erausgesicht hues!

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS