Tipp: Grauen von Frauen
Traus du dech?
Du hues keng Angscht am Däischteren? Du lies gäre Krimien? Da komm haut an den Tunnel ënnert der Neier Bréck (pont Adolphe an der Stad). Deen Tunnel, deen um Fouss vun der Gëlle Fra ass, gëtt fir di éischte Kéier vun der Stad Lëtzebuerg zougänglech gemaacht. Do fënnt eng Liesung statt mat dräi Auteurinnen, déi zesummen ee Buch mat Krimisgeschichten geschriwwen hunn: " Wie werde ich Witwe" (Viaterra 2010). Dobäi ass och d'Lëtzebuerger Auteurin Josiane Kartheiser, déi speziell fir dësen Event een Tunnelkrimi geschriwwen huet. Den Event gëtt vun der Stad Lëtzebuerg a vum CID-Femmes organiséiert.
Dat Ganzt leeft haut ëm 20.00h, am Tunnel ënnert dem Pont Adolphe. De Wee gëtt vun der Avenur Marie-Thérèse un uginn.
Du gëss geroden eng Jackett an ee Këssen matzebréngen. Am Tunnell ass et och am Summer zimmlech kill.








COMMENTS