Stereotypen a Rollebiller

Vereinfachen ass mënschlech. Vereinfachen braucht een fir d’Welt ze verstoen. Mä wann een zevill vereinfacht, dann tauchen d’Stereotypen op. Ee Stereotyp entsteet wann een ëmmer nëmme vu virgeknate Biller oder vun traditionnelle Rollebiller ausgeet, an dobäi d’Realitéit net a Kaf hëllt.

Duerch Filmer, Internet an Tele kann eist Bewosstsinn och staark beaflosst ginn. Sou entsin Rollebiller an Stereotypen déi eis Verhale determinéieren, vis-à-vis vun aner Leit, awer an eiser Beruffswiel. An deem Sënn si negativ oder sexistesch Stereotypen de Grond dofir, dass Männer a Fraen net ëmmer gläichberechteg behandelt ginn. All Mann, all Fra ass verschidden ... an huet trotzdem genau di selwescht Rechter. Dat ass keen Stereotyp dat ass d’Realitéit.

Kenns du esou Rollebiller? Zum Beispill, dass Meedercher null an der Wëssenschaft sinn, oder dass Jongen sech net ëm Kanner këmmere kënnen ...

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS