Sexy Wëssenschaft?

Informatik, Physik…a Schéinheets-Chirurgie!

Kenns du ee Physiksproff dee säi Cours iwwert Laser a Schéinheets-Chirurgie hällt? Anscheinend géing dee Proff méi Meedercher fir Wëssenschaft begeeschteren!

Dat huet sech aus enger wëssenschaftler Etude vun zwee lëtzebuerger Chercheuren erausgeschielt. Folgendes hunn si rausfonnt:

Zwar sinn d’Meedercher gläichbegabt wéi d’Jongen, mä si hunn aner Erwaardungen vis-à-vis vun de Coursen. Also: wéi mécht een d’Wëssenschaft méi sexy fir si?

Wëssenschaft ass keng reng Männersaach

Wou d’Jonge sech nach fir Mechanik a Rakéitentechnologie begeeschteren, géingen d’Meedercher sech éischter fir sozialrelevant Themen interesséieren. Wéi zum Beispill d’Roll vun der Statistik fir d’Probabilitéit vun enger Fausse-couche ze rechnen. Dësen Ënnerscheed erkläert een doduerch, dass een als Kand op ënnerschiddlech Manéier vu weibleche, resp. männleche Kontexter geprägt gëtt.

Wat hälls du dovun?

Fazit vum Dr. Sylvie Kerger a vum Prof. Romain Martin : et kéint ee méi Meedercher fir Naturwëssenschaften begeeschteren, wann ee Beispiller an de Cours abaut déi d’Meedercher méi interesséieren.

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS