Schwätz richteg!

Firwat soll een vu Sekretäre schwätzen, wann et éischter Sekretärinnen gëtt? Firwat héiert een ëmmer d'Wuert "Spillschoulsjoffer", wann et an deem Beruff och Männer gëtt (an zwar d'Spillschoulsmeeschter)?

Esou wéi mir schwätzen stellen mir eis och d'Welt fir! Dofir huet den Minstère fir Chancegläichheet een Dictionnaire erausginn, wou een fir all Beruff eng männlech an eng weiblech Schreifweis fënnt. Klick hei fir en auszeprobéieren.

Iwwregens, du hues am franséischen bestëmmt geléiert dass männlech Endungen méi oft solle virkommen, wéi di weiblech. D’Schold dofir dréit den Vaugelas, een franséiche Linguist deen 1647 décidéiert huet dass d’männlech Endungen méi staark sollte sinn, well d’männlecht Geschlecht senger Meenung no méi "nobel" wier.

 

COMMENTS

06|05 BY CLIPDIS

Bon, den Mann ass schon vun naturaus mei kräfteg gebaut wei d´Fraa.
Also sollt een Mann och mei kierperarbescht machen z..B. Bauarbeiter
Fraa eher sekretärin
Naja hei kann een noch laang diskuteieren.


06|06 BY JOE

Ech sinn hallef domadder anverstaanen, dass Maenner Bauaarbeshcteran Fraen Sekretairin sollen ginn.
Den Mann ass vun Natur aus wierkleg mei kraefteg gebaut wi eng Fra, sou kann hien dann och mei Kierperleg Aarbeschten vollbrengen.
Ech hunn zum beispill NACH NI, eng Fra um chantier gesin.

Mee dass d'Fraen dann och eng Aarbeshct maachen soll, di kierperleg gua net vill beunsprocht, muss io net sinn.
Polizistinnen, zum beispill, mussen awa och kierpeleg eps brengen.

Den Vaugelas huet deemols gelieft, mir aenneren, oder probeieren op manst, hei alles ze aenneren, lues awa secher. ech mengen, dass DAT mei wichteg ass, wi dat wat den Vaugelas baal 400 joer hier soot.




Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS