Schoulofbroch: Den SVO ass eng Léisung
Ass et dir scho virkomm dass du einfach net méi wousst wat s du mat der Schoul solls ufänken? Et ka sinn, dass de schlecht orientéiert wors, oder dass du op der falscher Sektioun souz. Wann dat emol geschitt, geet et meeschtens duer, dass een an de SPOS laanschtgeet fir Ennerstëtzung ze kréien.Bei Eenzelner geet et awer net duer, a hale mat der Schoul op.
Eg Info: Am Joer 2008 woren et der 1.928 déi ouni Diplom mat der Schoul opgehalen hunn!
Fir déi gëtt et awer eng Léisung: den Service Volontaire d'Orientation (SOV) dee vum Service de la Jeunesse proposéiert gëtt. Mat Stagen déi s du op verschidde Schnupperstellen ugebuede kriss, kanns du dann erausfannen wat dir wierklech Spaass mécht. Ausserdeem gëss du vun engem perséinlechen Tuteur begleed. Vun de Schoulofbriecher déi duerch den SOV gelaf sinn, konnten der bis elo 80% zréck an d'Schoul goen, oder hunn esouguer eng Aarbecht fonnt.
Falls dat Thema dech interesséiert:








COMMENTS