Plang däi Liewen an deng Famill!
Wéini ass iwwerhaapt di richteg Zäit fir Kanner ze kréien? Déi Fro ass jidderengem eenzel iwwerlooss. Mee fir sech richteg z’entscheeden, muss een och richteg iwwerleeën.
Éischtens: du wells jo denge Kanner dat beschtméiglecht Liewe bidden.
Zweetens: du wells secher och studéiere goen oder eng Léier maachen, a spéider och schaffen.
An drëttens : du solls mat dengem Partner oder mat denger Partnerin décidéieren op ee Kand a Fro kënnt oder net, a wéi dir dat zesummen wëllt meeschteren. Zum Beispill: wunnt dir zesummen, hutt dir Plaz fir e Kand, wie soll sech em et këmmeren wann dir zwee kéng Zeit hutt ? Wann et emol souwäit ass, muss de dech mat ville Froen auserneensezen.
A virun allem muss du di korrekt Kontrazeptiounsmëttel asetzen (Kondom, Pëll …). Eng onerwënschten Schwangerschaft kann deng Liewensprojeten staark an onerwaart änneren, egal ob s du ee Meedchen oder ee Jong bass.
Falls du méi Infoë oder Rotschléi brauchs, da sinn dePlanning familial oder d’Initiativ Liewensufank do, fir dech ënnert d’Äerm ze gräifen a weider ze hëllefen. Zukünfteg Elteren fanne weider Infoen op www.eltereguide.lu. Et gëtt och eng Brochure: "Eltere sinn, Eltere ginn", déi s du an de meeschten Zeitungsbuttéker fënns.








COMMENTS