NEWS: Wéivill kascht deng Ausbildung?

Tëschent 13.563 an 18.473 Euro kascht all Joer deng Ausbildung. Dat ass de Präiss vun engem klengen Auto. Dës Zuel hängt of ob s du an der Primärschoul bass, oder am Lycée. Ausbildung kascht ebe Geld: D'Schoulgebai muss gebaut an ënnerhale ginn, d'Proffen, Proffinnen, Schoulmeeschter a Schoulmeeschterinne musse bezuelt ginn, d'Kräid, d'Tafel, d'Computeren an d'Bicher hunn och hire Präis.

Wann s du am Moment virum Premières- oder Treizièmesexame sëtz, dann huet deng Ausbildung seit der Spillschoul bis zu 283.000 Euro kascht. Dat ass dat, wat een Appartement kascht. Mee een Appartement kanns du nimools géint dat tauschen wat s du alles an der Schoul geléiert hues (och wann et net ëmmer Freed war). Deng Bildung huet also ee Präiss, mä virun allem och ee Wäert. No dengem Schoulofschloss gehéiert dee Wäert endlech dir alleng. An dir alleng steet et dann zou mat deem Wëssen dat s du dir ugeschaft hues, deng eegen Zukunft anzeriichten.

Méi dozou op tageblatt.lu

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS