Muss et wierklech rosa sinn?

Girly oder lächerlech?

foto 

Rosa fir d’Meedercher a blo fir d’Jongen, besser kéint een di zwee Geschlechter net ënnerscheeden... Mee muss dat wierklech sinn? De Mike an d’Sonja hu sech méi oder manner de Kapp driwwer zerbrach.

Mike: Blo a rosa si ganz praktesch fir d’Geschlecht vun de Puppelcher z’ënnerscheeden. Da kënnen d’Tataen an d’Monnien d’Elteren wéint hirem léiwe Bouf , respektiv léiwe Meedche, begléckwënschen, ouni sech dobäi am Geschlecht ze ieren.

Sonja: Egal wat, t’ass eng Demütegung ee Jong blo an e Meedche rosa ze fierwe! Kanner sinn dach keng Poppen!

Mike: D’Kanner froen awer dono. Tëscht 4 a 7 Joer erkenne si d’Geschlecht nëmmen duerch äusserlech Merkmaler, wéi laang Hoer bei Fraen a kuerz Hoer bei Männer. Dat ass wëssenschaftlech bewisen.

Sonja: …an dovu profitéieren d’Marketingsdirektere fir de Meedercher rosa Poppen an de Grapp ze drécken! A wéi enger Welt liewe mer dann!

Mike: Enges Dags kommen si och vun deem Trip erof. D’Welt ass jo net ëmmer blo a rosa…pardon schwaarz a wäiss.

 Foto: Krista Gettle

Eppes fir ze liesen: Peggy Orenstein, Cinderella ate my daughter (Harperr/Herpercollins publishers), 244 Säiten.

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS