MEGAPOWER: Matmaachen an der Gesellschaft
Et ass kee Geheimnis, dass Männer an der Gesellschaft méi ze soen hunn. Bei dëser Rubrik geet et net drëms dass si hir Plaz vun de Frae geklaut kréien. Ma éischter, dass jiddereen fir seng Kompetenzen belount gëtt. Mir hunn all eppes dovun, wann esouvill Frae wéi Männer an der Chamber oder an der Regierung setzen. Mir hunn och all eppes dovun wann d'Besetzung vun den Entreprisen, vun den Gemengeréit oder vun all méiglech Kommitteeën déi d'Gesellschaft zréckspigelen an där mir liewen. Eng Gesellschaft also, wou Fraen a Männer di selwescht Rechter hunn, an di selwecht Geleenheete kréien.








COMMENTS