Männer déi Jupen droen...
... an Fraen déi eng Krawatt undinn?
Dass Männer
a Schottland, Irland an Wales Jupen däerfe droen, an esouguer stolz driwwer
sinn, dat wees du jo schonn. De Kilt ass eng vun de wéinege Jupen, déi d’Männer
droen däerfen, souguer mam Kostüm oder mat der Uniform. Mais wat geschitt, wann ee soss d'Kleeder vum anere Geschlecht undeet? Do gëtt een dach anescht ugesinn? Et gëtt tatsächlech Leit, déi dat bewosst provozéiere wëllen ...
Ass dat eng Revolutioun?
Kleeder ginn eben oft als Statutsymbol benotzt. Si drécken eppes iwwer deng Perséinlechkeet an deng gesellschaftlech Positioun aus, mais och iwwer däi Geschlecht, an däi Selbstbewosstsinn.
Männer am Kostüm a Fraen mat der Jupe? Sou einfach ass dat ebe net; d’Mouden an d’Koden hunn sech bei eis liicht geännert.
Wann d’Frae bei d’Männer knäipen, droen si Krawatten, Hiemer statt Blousen, Militärsjacketten. Wann d’Männer sech och dru ginn ergëtt dat de „Metrosexual“.
Esou nei an revolutionnär ass dat ganzt och net… Am Laf vun der Geschicht hunn sech eng ganz Partie Männer a Fraen als dat anescht Geschlecht verkleed. An zwar war dat radikal! Dat nennt een op englesch „cross-dressing“. De Grond dofir war deelweis, dass si eppes wollte maachen wat hinnen opgrond vun hirem Geschlecht méi schwiereg loung. Haut, wou Männer a Fraen bei eis di selwecht Rechter hunn, ass dat natierlech net méi de Fall. An Amerika hunn sech verschidde Fraen zum Beispill als Männer verkleed fir am Biergerkrich matzemaachen deen am 19. Jorhonnert d’USA an zwee gespléckt haat.
Den Chevalier D’Eon war ee franséichen Diplomat dee sech am 18. Jorhonnert als Fra verkleed huet, well dat him seng Missioun als Spioun vereinfacht huet. Am 19. Jorhonnert huet sech d’Georges Sand, eng franséich Schrëftstellerinn, als Mann gestallt fir hir Romaner ze verëffentlechen …








COMMENTS