Männer a Frae hu net de selwechte Stonneloun

Zu Lëtzebuerg verdéngt ee Mann am Duerchschnëtt 12% méi wéi eng Fra. An der Lescht ass déi Zuel ganz oft vun der Presse an op der Telé zitéiert ginn.Wéi erkläert een deen Ennerscheed?

De Grond woufir Fraen manner gutt verdéngen wéi Männer ass, dass si ganz oft manner bezuelten Aarbechtsplaze fannen. Dat hängt vu ville Saachen of: entweder well si manner Qualifikaziounen hunn, oder well si hu missten eng Paus wéinst de Kanner maachen. Am Joer 2008 zum Beispill, goung 91% vun der Deelzäitaarbecht vu Fraen ausgeübt.

Et kënnt och fir dass, Fraen oder Männer bei der selwechter Aarbecht net di selwecht Pei kréien. Domat verstéisst de Patron géint d'Gesetz vum 10. Juli 1974, wat firgesäit, dass Mann a Fra fir di selwecht Aarbecht dat Selwecht sollen bezuelt ginn.

(A wéi steet et mam Täschegeld?)

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS