18|08
„Liberté, égalité, fertilité“
Wéi eng Opfaassung vun der Famill ?
Wéi vereinbaren ech Beruff a Familljeliewen? Et kéint gutt sinn, dass du dir déi Fro iergendwann eng Kéier stelle muss. Genau di Fro stellen sech och modern Staten wéi Lëtzebuerg, Frankräich oder Schweden.
Wéis du dech mam Mix vu Famill a Carrière offanne wäerts, dat entscheeds du. Mä de Stat kann deng Decisiounën ënnerstetzen.
A Frankräich wéi zu Lëtzebuerg pakt de Stat eng Hand mat unn, fir schwanger Fraen virun an no der Gebuert iwwert d’Ronnen ze kréien. Sou kënnt di franséich Gesondheetskees ab dem 6. Schwangerschaftsmount fir all Käschten vun der Schwangerschaft zu 100% op.
Zu Lëtzebuerg get et och gënschteg Konditioune fir zoukënfteg Mammen. Och no der Gebuert trëtt de Staat an, andeems en d’Maison Relaisen an d’Crêchen ënnerstëtzt, fir dass d’Mamme nees kënne schaffe goën.
Eng gutt Betreiung
Esou Konditiounen sinn opgestallt ginn, fir dass d’Elteren auswiele kënne wéi hir Kanner betreit ginn.
Schweden ass och ee Land wou d’Vereinbarung tëscht Beruff a Famill staark ënnerstetzt get. Een Ënnerscheed mat Lëtzebuerg ass awer, dass d’Pappe gezwonge ginn de congé parental mat der Mamm ze deelen. An anere Wierder: all Elterendeel get gezwongen de Congé ze huelen, soss get et guer kee Congé.
D’Argument duerfier ass, dass een doduerch d’Pappen an d’Familljeliewen implizéiert, an dass de gedeelten congé parental keng Fra a kee Mann soll diskriminéieren.








COMMENTS