Lesetipp : Not the girl you're looking for

Si mir esou wéi d’Melusina an de Siegfrid?

cover meluSécher weess du, dass di éischt Lëtzebuergerinn eng Nixe war? D’Melusina soll d’Fra vum Graf Siegfrid gewiecht sinn, dem Grënner vun der Stad Lëtzbuerg. Elo ass e Buch iwwert hatt erauskomm: „Not the Girl you’re looking for“, ass ee kollektivt Wierk, wou versicht gët erauszefannen wat d’Melusina genau fir d’Lëtzebuerger duerstellt.

D’Geschicht kenns du jo bestëmmt. Wéi d’Melusia sech mam Siegfrid bestued, freet hatt fir eng Kéier am Mount, sech alleng an de Casematen zréckzezéien. Vierwëtzeg kuckt de Siegfried duerch dem Melusina säi Schlëssellach, a fënnt säi Geheimnis eraus: hatt huet e Fëschschwanz! Am selwechte Moment entdeckt d’Melusina dem Siegfrid seng Präsenz. Erschreckt verschwënnt hatt zréck an d’Uelzecht, ouni e Laut vu sech ze ginn.

D’Geschicht vum Melusina ass e gudd Beispill vu stereotypeschem Verhalen. Wat mengs du dann? Mussen d’Meedercher sech verstoppe fir „sech selwer“ ze sinn? A kennen d’Jongen d’Fraen esou wéineg, dass si nach duerch d’Schlëssellach musse kucken ?

Mat „Not the girl you’re looking for“ stelle Wëssenschaftlerinne, Musékerinne, Schrëftstellerinne an een Konschthistoriker ähnlech Froen. An enger Rei Artikelen a Konschtwierker schloen si vir, erauszefannen ob d’Lëtzebuerger Fraen ëmmer duergestallt gi sinn wéi d’Melusina: an zwar stomm, monsterhaft an zréckhalend...

 

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS