26|08

Léieren d'Meedercher besser?

Ongläich Resultater am Premièresexamen

Dass Jongen och eppes u Chancegläichheet ze wannen hunn, beweisen d’Resultater 2010 vu Première an Treizième. Déi Resultater sinn am Duerchschnëtt besser bei de Meedercher ausgefall wéi bei de Jongen.

Am Secondaire Classique hunn 79 % vun de Meedercher d’Première gepackt, géint 74,3 % vun de Jongen.

Am Secondaire Technique war den Ënnerscheed nach méi ausgeprägt, mat 77,1 % vun de Meedercher déi d’Tréizième packen, géint 64,8 % bei de Jongen.

T’ass just am régime de la formation de technicien wou d’Jonge besser ofschneiden, mat 62,8 Réussiten, géint 53,2 % bei de Meedercher.

Zu Lëtzebuerg ass nach keng richteg Studie gemaach ginn fir d’Resultater z’erkläeren, déi an anere Länner, wéi Däitschland, ähnlech ausfalen. Klor schéngt awer ze sinn, dass d’Jongen iergendwéi vernoléissegt ginn. Vläicht ginn se manner opgefuedert ze léiere wéi d’Meedercher. Eng aner Piste wier, dass manner Männer Prof sinn wéi Fraen, an dass männlech Schüler mat weibleche Proffen ebe manner gutt léieren. De Chancegläichheetsministère huet op jiddefall wëlles, zesumme mam Bildungsministère der Saach op de Grond ze goen.

 

COMMENTS

26|08 BY LENNY

Weini hunn ech en Bericht op bild.de gelies ( kloer, Bild kanns de net emmer gleewen ) Mais et geet dorem dass d Meedecher fierun allem an den Lycée'en vun den Herrlehreren mei ennerstezt ginn. 2 hoogenau dei selwecht Schreifaarbechten gouffen gekuckt, een Bericht vun engem Mädchen : Marie-Luis an een vun engem Jong : Kevin. Opwuel genau dei selwescht Saachen do stungen kruut d Mädchen am Duerchschnett 80 % vun den Aufgaben richteg gestallt wou den Jong nemmen 67 % richetg haat. Komesch ?


26|08 BY SAäM

Menger meenung no ass et den eiergaiz. D'meedecher gin sech einfach mei drun. Natiierlech trefft daad net op all Mensch zou. An daad waat den Lenny soot kéint demnowei och stemmen, well ech hun daad selwer och schon gemiirkt bei verschiddenen männlechen Proffen. D'ausgesin vun engem Schüler spillt och eng grouss roll. Et as och beim Beruf sou, schéin léit kreien eischter eng Plaatz wei ällener, daad as leider wouer!




Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS