Kommentar: "well een anescht ausgesait"

Wisou gett eng persoun net selwescht behandelt nemmen well een annescht ausgesait? oder einfach well een sech annescht undeet. daat gesait een o ganz oft an da schoul. an enger klass vun 20 leit sin da emmerhin 1 oder 2 esou gewessen "aussenseiter", an daat nemmen weins dm ausgesin, greisst oder einfa nemmen weins dm klederstyle. Naja, mengen do kann een sech froen stellen op daat villaischt mei spait op der arbescht och esou waerd sin?? mengen d'Chancenglaichheet gelt fir jdfereen nee?

(Vum Bebiana)
 

COMMENTS

11|05 BY SLINET2

Et ass net nemmen an der Schoul esou, mais och außerhalb vun der Schoul wann ee dobaussen ennerwee ass. Ech war eng Keier mat Leit ennerwee die vun enger klenger Band beleidegt ginn ass, well een vun eis sech bessi mei knalleg gekleed huet an mi außergeweinlech Hoer haat. Wann engem net gefällt wie ee aaneren ausgesäit, soll die Persoun dat fir sech behaalen an net nach den betraffenen Mensch weinst sou eppes mobben.


17|05 BY JACKY

Ech gouw fu klengen un gemobbt justement well ech weineg anneschters ausgesinn hu. Am 6 Schouljoer gouw ech dunn dach deeglech zaschloen, nemmen well ech aus Juks ma meng Hoer kurzschneiden geloos hat. Seit dem hunn ech ma fir gehol niemols, awwer och wirklech niemols, fir urdeler zehunn. An ech hu meng Iwwerzeegung ni faluer


26|05 BY PHILIPP

Fakt as dach dat et egal as wei een ausgeseit. Et kann anre Leit dach egal sen ob's de lo aal kleeder un hos oder dei neisten dei um Maart sen, waat wierklech zielt as daat waats de kanns egal ob den Style anescht as. Et as mir egal wei aner leit ausgesinn well ech och net dei coolsten respektiv dei neisten Kleeder hun. Ech gesinn net an firwaat een gemobbt get well een anescht ausgeseit. Ob Meedchen oder Jong , daat hei gelt fir jiddereen: DIR SIDD EENZEGARTECH, JIDDEREEN AS OP DEI ENG ODER ANER WEIS MEGA vergiesst daat net!!!




Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS