Kommentar: Lounënnerscheed

D'Sandy wëllt wëssen, wéi et genau mam Lounsënnerscheed tëschent Männer a Frae steet. Am Duerchschnëtt verdéngt eng Fra pro Stonn zu Lëtzebuerg 12% manner wéi ee Mann. Dee Prozentsaz vun 12% bedeit awer net dass d'Diskriminatioun bei gläicher Aarbecht stattfënnt.Wat maache mir elo mat déier Zuel?

Di 12% kritt een, wann een d'Moyenne vun de Gesamtgehälter vu Männer a Fraen ausrechent. Den Ënnerscheed vun 12% erkläert een éischter well Fraen Beruffer fannen, déi manner gutt bezuelt sinn, oder ëmgekéiert, well Männer et méi liicht hunn, ee guddbezuelten Job ze fannen. Dofir ginn et och eng Partie Erklärungen:

  • well méi Fraen eng Deelzäitaarbecht hunn (38% vun der Fraen déi schaffen, géint 2% bei de Männer)
  • well Männer et méi liicht hunn an hirer Carrière virunzekommen (cf.d'Gliesen Decken)
  • well Frae Poste kréien wou manner Qualifikaziounen gefrot ginn.

Et kann ee leider och net ausschléissen, dass Fraen fir di selwecht Aarbecht manner bezuelt gi wéi Männer. Dat ass duerchaus méiglech, an esouguer héichst warscheinlech, mä et ass ganz schwéier et mat Zuelen ze beleeën. An enger Entreprise gëtt et nämlech ganz ënnerschiddlech Liewensleef a Posten, déi ee net genau ka vergläichen.

De LOGIB, ee Programm fir de Lounsënnerscheed auszerechnen

Fir eng Gehaltsdiskriminatioun opzedecken, huet de Ministère fir Chancegläichheet ee spezielle Programm entworf: de LOGIB. De LOGIB ass ee Recheprogramm dee mat Excel funktionnéiert. Do gëtt de Patron eng ganz Rei Donnéeën an, z.B. d'Qualifikazioune an d'Gehälter vun de Mataarbechter. De LOGIB mécht dann een Diagnostik iwwer de Stand vun der Loungläichheet.

De Ministère huet och eeGuide opgestallt, deen s du um Site vum Ministère downloade kanns.

Zu gudder Lescht: vergies net dass d'Gesetz virgesäit, dass keen Ënnerscheed tëschent Fra a Mann gemaach gëtt.

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS