Kommentar: "Diskriminéierung fängt richteg un wann ee schwanger gëtt"

Ech fannen dess action ganz flott, mais leider gesin ech en Problem mam suivi vun deser action, an dem encadrement soubal dei Jofferen schaffen gin. Meeschtens gin se an enger Entreprise empfaang dei stereotypesch organiseiert as. Oder hutt Dir schon oft en Mann gesin als Sekretär vun engem Chef de service ? Alleng ech als Fraa, sin schon eng Ausnahm well ech an der Informatik schaffen.  Oft gesäit ee Fraen an engem Guichet, dei alltäglech Arbescht maachen (dei langweileg). Männer ob der aanerer Seit dierfen sech mat speziellen Dossiers ofgin an sinn dann oft Conseiller, woubei d'Fraen ob der Streck bleiwen, obwuel se besser ausgebild sin wei verschidde Männer. An 40 Joer laang schaffen, an selwer missen nokucken wei dei eegen compétences, idées, an motivation emmer mei schrumpf, as immens traureg.

Diskrimination faengt u sech réicht richteg un, wann eng Fra schwanger get; well et automatesch vun hier verlangt get doheem ze bleiwen, an den Patron geet hin, a seet dass dei, dei congé parental hun oder hallef Deeg schaffen keng Postes à responsabilité däerf hun (flott Aussichten also), um niveau Congé parental get och net vill gemaach (deen as just gutt fiert Grenzgänger), an vun der structure d'accueil schwätzen mir jo leiwer mool net. Et get een bestrooft well een eng Fraa as, sei et vum Patron oder sei et vum Staat (well deen jo aaner prioriteieten huet).

Riicht dann wann en "homme incompétent" vun enger "femme incompétente" ersat get, dann hun mir et gepackt. Leider sin mir nach weit dofunner weg, and d'Männer un der Macht maachen weiderhin hier Spillercher mat den Fraen.

Willkommen im Leben!

 

COMMENTS

06|06 BY JOE

Mat ALL Respekt, dat ass bessen eng freschheet, an och selwer bessen en Stereotype.

Dat mat da Schwangerschaft stemmt, ok.

Mee, wien seet dann, dass d'Fraen net gaer an Guichet'en stinn? Si kennen io wielen wat se maachen wellen, ech kennen esou vill Fraen an Meedecher di éstéticienne wellen ginn, oder Coiffeur, oder an engem Parfums Geschaeft schaffen wellen, an och genuch Meedecher an Fraen, di gaer Polizist, Architekt wellen ginn.

Main Papp ass Sekraitaer, an hien ass ganz secher net den eenzegen.

Dann fannen ech et bessen, verallgemengescht, an fresch, ze soen, dass ''D'Maenner un da Muecht'' weiderhin hier spillecher mat den Fraen maachen.

Et kann een io mat allem iwwerdreiwen...
Ech fannen et ganz gudd, wann een sech fiir d'Glaichberechtegung ansetzt, an wann een och drun interesseiert ass, mee suo typeg Feministen, di dann nemmen di schlejt an donkel Saiten gesin, amplaatz Realisteg an Fair ze bleiwen, iwwerschreiden grenz...




Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS