Kolleg oder Beschützer?
Gesäit deng Bezéiung esou aus?
Natierlech net... oder dach e bëssen? Bass du ee Beschützer, ee Kämpfer? Ass hatt deng Prinzessin? Wëlls du an enger Bezéiung déi Roll spillen? A geet et nëmmen ëm d'Spillen? Klischeeën wéi dee vum Ritter an der Prinzessin hunn en Afloss op eist Verhalen A wat geschitt wuel, wann een aus dem Klischee eraus wëllt?
Bedeit "Gläichheet" dann, dass ee seng Frëndinn net méi beschützen däerf, oder dass Meedercher elo bei de Kläppereie matmaachen, dass d'Jonge sech rosa undoen an d'Meedercher bei der Foussball-WM virun der Telé sëtzen a sech eng Béier hannert d'Ouere geheien? A wéi soll dann eng Bezéiung ausgesinn, wann de Jong net méi als macho poséiert an d'Meedchen keng zaart Prinzessin méi ass?
Et gëtt keng fest Regel, wéi een di traditionnell Rolleverdeelung an enger Koppel ännere kann. Do muss een einfach bereed si vum Partner bäizeléieren. Dozou braucht ee Mutt, Kreativitéit an Dialogbereedschaft.
Rollenklischees
Hei geet et och net drëms, dass een d'Rollen ëmtauscht (obschonns et fir Fuesend ganz witzeg ka sinn). Wann ee Klischeeën ëmdréint, da bleiwen dat weiderhi Klischeeën. Wéi eng Bezéiung ausgesäit, dat entscheeden di zwee déi dra sinn. E Meedchen gëtt och ouni de Schutz vu sengem Kolleg eens. An ee Jong braucht kee weiblesche Coach, wann et drëms geet e Geschenk fir Mammendag ze kafen.








COMMENTS
10|06 BY CLIFF
Sin keen Frend vun Klicheeën!Op grond vun menger Homosexualiteit gin ech nemmen op klicheeën zereckgezunn!mais nee ech reesen net mat rosa gepäck wou mein klengen Hond dran setzt deen nemmen vun senger evian ze drenken kritt an lauschtren och net vun moies bis owes Liza minelli am duett mam Barbara Streisand erop an eroof.An dann dei schlemmsten fro?!Ween ass bei ierch den Mann an Fraa an der Koppel!Ech wees net op et verständlech war mais mier sin männer an mier hun beides naischt mat fraleit um hut.Dofier muss ech soen dass ech frou sin dass et MEGA gett.Et beweisst dass mer een schrett nofier komm sin!An och wann Homosexualiteit hei nach net vertrueden war hun ech fonnt dass ech mech hei misst anmeschen an eben eppes zum thema Klichee soen.Mier schwuler sin voll dovun.Mais et ass wei gesoot am beschten gespreich vun der rollenverdeelung soll ennert enger Koppel sin an bleiwen et geet soss keen eppes un an ech mengen mier wessen ganz genau wei schnell geschwaat get ;)
10|06 BY JOE
Respekt Cliff.
Ech stemmen deem zou.