Kino: weiblech a männlech Rollen
Fir ze laachen, mais och fir z’iwwerleeën
Stell der
mol vir: wann s du dem anere Geschlecht géings gehéieren, wier däi Liewen dann
anescht? Déi Fro huet sech de Sidney Pollack am "Tootsie" gestallt. Do spillt den Dustin Hoffmann d'Roll vun engem Akteur, deen zwar begabt ass, mais keng Roll an engem Film kritt. Mais wou heen sech eng Kéier als Fra verkleed, gëtt hien direkt fir eng Telés Serie engagéiert. A réicht do mierkt heen wéi
schwéier d’Fraen et am Showbusiness hunn.
Vill Schrëftsteller an Szenaristen hunn sech eng änlech Fro gestallt:wat geschitt wann ee Mann sech als Fra verkleed? Oder ëmgedréint: wat geschitt wann eng Fra sech als Mann verkleed? Réicht dee Moment erkennt dat jeweilegt Geschlecht wéi een als Mann oder Fra d’Welt erlieft. An dat erginn Situatiounen déi seit Joren am Theater an am Kino eis zum Laache bréngen!
Am „Some Like it Hot“ vum Billy Wilders, verkleeden sech den Jack Lemmon an den Tony Curtis als Musikerinnen fir der Mafia z’entkommen. Dee Film ass och dofir bekannt, well d’Marylin Monroe dra spillt.
An an der „Mrs Doubtfire“ verkleed sech den Robin Williams als Nanny. Am Film ass säi Personnage nämlech gescheed, a muss sech verkleede fir sech ëm seng eege Kanner këmmeren ze dierfen.
An zu gudder Lescht ass am Joer 1999 ass ee ganz witzege Film erauskomm: „Shakespeare in love“. Do spillt d’Gwyneth Paltrow ee Meedchen, dat mam Shakespeare Theater wëllt spillen. Mais zu déier Zäit hunn d’Fraen net dierften schauspillen; d’Männer waren et, déi di weiblech Rollen gespillt hunn. Am Film muss sech also d’Gwyneth Paltrow als Jong verkleeden, fir d’Roll vum ... Juliette ze spillen, am Stéck „Romeo and Juliette“.








COMMENTS