08|08

Keng Zäit fir ze schlofen

Eng Hausfra generéiert 3.500 Euro de Mount

Géing een d’Aarbecht vun enger Hausfra bezuelen, da géing se am Duerchschnëtt 3.500 Euro de Mount kréien. Dat seet eng Etude déi vun enger englescher Charity Organisatioun geleet ginn ass.

D’Info ass duerch eng sëllegen Internetsite gelaf, ouni dass mer di genau Etude konnten opdreiwen. Interessant ass op jidde Fall d’Rechenart a Weis. Fir all Tâche déi eng Hausfra mécht, ass den entspriechenden, offiziellen a bezuelten Job erausgepickt ginn: Botzfra, Babysitter, Chauffeur etc. D’Tariffer sin deementspriechend ausgerechent ginn.

 Mat 70 Stonnen Aarbecht d’Woch, géing dann d’Rechnung esou opgoen: 3.500 Euro de Mount, 6 Stonne Schlof nuets an 1 Stonn Fräizäit den Dag.

Eng ähnlech Etude ass zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Klick hei fir méi Infos

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS