Jugendhaiser: den 8. Mee ass iwwerall am Land "Porte ouverte"

Fir di véiert Kéier maachen di 55 Jugendhaiser zu Lëtzebuerg hir Diren op. An zwar dëse Samschden 8. Mee, vun 14.00 bis 18.00 Auer. Komm einfach laanscht kucken, wat alles an esou engem Haus leeft, treff aner Jonker an och d'Educateuren. Hei ginn d'ganzt Joer duerch, eng ganz Partie interessant Aktivitéiten a Projeten fir di Jonk organiséiert. An dozou gehéieren net nëmme Billard oder Baby-foot.

An de Jugendhaiser fënns du och eng konkret Hëllef wann et an denger Famill, an der Schoul oder an dengem perséinleche Liewen net esou leeft wéi s d'et gären häss. Ausserdeem fënns du do praktesch Informatiounen an eng konkret Hëllef iwwer eng ganz Rei Themen, wéi Präventioun, Gewalt, Ofhängegkeet oder d'Sich vun engem Job.

Fir méi iwwer d'Jugendhaiser ze léieren, a fir erauszefanne wou se sinn, klick op dëse Lien.

flier jugendhaus 

COMMENTS

05|05 BY FURBY

viens mélanger tes couleurs avec moi,
Réveiller le bonheur qui dort au fond de toi,
Faire jaillir la lumière de nos vies,
Improviser la fête au plein coeur de la nuit.

Gudd Saach awer :=)


06|05 BY MIGUEL

as eng gudd sach


06|05 BY VIVI96

ch ginn all daach an d jugend zu zolwer an dass einfa nemmen genial ;DD


06|05 BY JESSIIE

Wasserbelleg Jugendhaus ass och mega cool :) do sin ech all daag :)


09|05 BY SMAX

Dest huet jo aweer leider nemmen vir dei Offiziel, an net fir d'Jugendklib gezielt!
Et wier vielleicht och mol eng keier flott wann en eng national porte ouverte vun allen Jugendtreffpunkten ( Jugendclub+jugendhaus).




Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS