Info: Mobbing

Eng Partie Leit déi de Site besicht hunn, hu vu Mobbing geschwat. Mobbing as psychologesch Gewalt déi ee ganz eecht soll huelen. Eng Gewalt déi vill Gesiichter huet. Wann een ausgegrenzt gët, gedréit, oder ausgelaacht, wann engem seng  Saachen futtigemaacht ginn ... dat alles ass Mobbing wann et réigelméisseg augeféiert gëtt. Vläicht hues du dat schonn eng Kéier materlieft?  Fir d'Affer kann et ganz schlëmm Konzequenzen hunn.

Du kanns eppes dogäint  maachen!

Wann s de gemobbt gëss, kanns de dech op verschidde Stelle mellen, wou s du Hëllef a Rotschléi kriss.

  • Dat ass zum Beispill den 12345 Kanner-Jugendtelefon.
  • Dat kann och de SPOS bei dir am Schoulgebai sinn.
  • Wann et wierklech schlëmm gëtt, kanns du och bei d'Polizei goen.
  • Eng aner Léisung ass et. mam Centre de Médiation Kontakt ze huelen

 

A wann s du dobäi wors, wou ee gemobbt gouf?

Da muss du agräifen! Do ze stoen an näischt maachen,  mécht di ganz Situatioun nëmme nach méi schlëmm. Du kanns dech bestëmmt mat denge Kollegen a Kolleginnen zesummendin fir dass de Mobber ophällt. Du kanns och bei d'Affer goen an et an deng eege Clique ophuelen, fir dass et sech net ausgegrenzt spiert.

COMMENTS

01|06 BY RITA

MOBING ASS MEGER SCHLEMM !




Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS