Hie kënnt mat der Jupe an d’Schoul
Schouluniform, derfir oder dergéint?
De Chris Whitehead huet an England fir Schlagzeile gesuecht. Hien ass mat der Jupe an d’Schoul gaangen. Een aussergewéinleche Geste an engem Land wou di meescht Schüler eng Schoul-Uniform mussen droën.
Dohanner stecht a Wierklechkeet e Protestgedanken. E puer Deeg virdrun wor de Chris aus senger Schoul ausgewise ginn, well en e Short wollt droën. Dem Schoulreglement no däerfen d’Jonge nëmme laang Boxen droën, wougéint d’Meedercher am Summer d’Recht op eng Jupe hunn.
De Chris huet dat ongerecht fonnt, an am Sënn vun der Gläichberechtegung huet en dunn eng Jupe ugedoën, wat vum Reglement net verbuede war.
Déi Geschicht werft och fir eis Froën op. Ass eng Schouluniform eng Léisung géint schoulintern Diskriminatiounen? Gi Jongen a Meedercher gläich behandelt wann se dank der Schouluniform gläich ausgesinn?
Wéi gesäis du dat?








COMMENTS