21|06

Gläichheet vu Mann a Fra op der Cour grand-ducale

Successioun mécht keen Ënnerscheed méi tëscht Jongen a Meedercher

D’Cour grand-ducale huet bekannt gin, dass den groussherzogleschen Troun keen Ënnerscheed méi mécht tëscht engem Nofolger an enger Nofolgerinn.

Bis elo  wor et nämlech esou, dass den éischtgebuerene Jong Virrang hat. De Grand-Duc Henri hat schon am Joer 2004 gefrot dass dës intern Regel geännert sollt ginn, fir dass d’Meedercher vum Grand-Duc an der Successioun gläichberechtegt ginn.

No 6 Joer Prozedur ass et elo souwäit. De Nofolger ass dat éischtgebuerent Kand, egal ob et e Jong oder e Meedchen ass.

Alexandra op der 4. Plaz

D’Konsequenz dovun ass, dass d’Prinzessin Alexandra als véiert Kand op der drëtter Plaz an der Trounsuccessioun ass (dëst, well de Prënz Louis op säi Successiounsrecht verziicht hat) Bisweilen ass et zweemol virkomm, dass Lëtzebuerg eng Grande-Duchesse u senger Spëtzt hat: d’Marie-Adelaïde (um Troun vun 1912-1919), an d’Charlotte (um Troun vun 1919-1964)

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS