Gläichheet ass rentabel

A Krisenzäiten soll een dru denken: d'Chancegläichheet ass ee ganz wichtegen ekonomesche Motor! Virun dräi Joer huet den amerikaneschen Institut "Catalyst" ausgerechent, dass Firmen wou Männer a Fraen op gläichem Niveau schaffen, ëm 34% méi rentabel sinn.

Ausserdeem gi ganz vill Suen verschwent, wann ee wéinst sengem Geschlecht net di richteg Aarbecht kritt huet,falsch orientéiert ginn ass, oder suguer net bezuelt gëtt. Dat sinn alles Suen déi net erakommen, an dann och net fir d'Gesellschaft frësch agesat kënne ginn.

Wann se richteg orientéiert sinn, wann se net diskriminéiert ginn an och richteg bezuelt ginn, sinn d'Fraen a Männer net nëmme méi zefridden, mee si sinn och méi kreativ a produzéiere méi Räichtum.

Méi doriwwer: Claude Drion & Clarice, Question de genre (Bruxelles : Editions Luc Pire, 2007).

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS