Girls' Day - Boys' Day 2010: Léier een atypesche Beruff
Den 22. Abrëll hunn 126 Betriber Schnupperstellen proposéiert fir atypesch Beruffer besser kennezeléieren. Sou konnte Meedercher zum Beispill an enger Autoswierkstatt schaffen, oder Jongen an engem Labo fir Blutanalysen ze maachen. Um site vum CID-Femmes fënns du Reportagen a Fotoen iwwer een Dag deen d'Participanten esou séier net wäerte vergiessen
Dat Ganzt gët all Joer vum CID – Femmes organiséiert. D’Zil ass, di Jonk op Beruffer opmierksam ze maachen, déi zevill oft als geschlechtsspezifesch kategoriséiert ginn. Zu deene Beruffer gehéieren zum Beispill: Ingenieur, Coiffeur oder Infirmier.
Zwee Botschafter si vum CID gefrot ginn fir an de Schoulen driwwer ze schwätzen. Si selwer sin ee ganz atypesche Wee gaange : den Jean-Paul Bleser ass Infirmier-psychiatrique an d’Catherine Schöpfer ass Liewensmëttel Ingenieur.








COMMENTS