Gewalt doheem
D'Gesetzgebung gëtt geännert
Am Joer 2009 ass d'Polizei 572 mol geruff ginn, fir bei Privatleit wéinst Gewaltproblemer anzegräifen. An 307 Fäll huet den Täter - Mann oder Fra - vun der Wunnéng eweggehale ginn. Esou eng Léisung ass vum Gesetz virgesin. Am Fall wou den Täter oder d'Täterin als geféierlech fir d'Affer ageschat gëtt, kann hien oder si, fir 10 Deeg den Accès zu der Wunnéng verbuede kréien.
Elo soll d'Gesetz weider geännert ginn. Wann di nei Versioun an der Chamber ugeholl gëtt, da soll den Täter 15 Deeg laang vun doheem eweg sinn. Ausserdeem soll en dann eng Bannmeile vun 100 Meter ronderem d'Affer respektéieren.
Et ass och virgesinn, dass Gewalttäter gehollef kréien, fir sech hirer Dot bewosst ze ginn, a fir sech besser a Grëff ze hunn. Dofir gëtt et och d’Associatioun „Riicht eraus“, déi zukünfteg soll een Agrément vum Staat kréien.
Wie sinn d'Täter dann iwwerhaapt ? A Ronn 85 % vun de Fäll sinn et Männer. A 15 % vun de Fäll sinn et Fraen. Wéi sou oft, sinn esou Zuele net ganz genau, well d'Affer sech net ëmmer mellen. Wat di männlech Affer ubelaangt ass dat ëmsou méi schwéier, well si Angscht hunn, net eecht geholl ze ginn.








COMMENTS