28|06

Fraefoussball WM an Däitschland

De 26. Juni 2011 ass zu Berlin den Optakt vun der 6. Fraefoussball Weltmeeschterschaft gewiecht. Eng 16 Equipen aus der ganzer Welt maachen do mat.

D’Fraefoussballs-WM gëtt et zënter 1991. Virdrun goufen et zwar schon international Matcher, mä et huet e bësse gedauert bis dass d’FIFA décidéiert huet de Projet vun enger Frae-WM z’ënnerstëtzen.

Fraefoussball gëtt et awer schonns zënter dem 19. Jorhonnert, wéi s du dat an dësem Artikelkanns noliesen. An de leschte Joren ass en ëmmer méi beléift ginn, a gëtt och méi dacks op der Telé gewisen. Dëst ënner anerem och, well d’Annonceuren, déi op der Telé fir d’Werbungen bezuelen, gemierkt hunn, dass et an deem Beräich ee gréissere Publikum gëtt, an also och ee gréissere Marché fir hir Produiten ze vermaarten.

Wéi eng Sportart op der Telé gewise gëtt, hängt nämlech ganz vill dovun of, ob een Annonceur bereed ass, an de Werbungspausen seng Reklamm anzesetzen.

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS