25|07
Foussball fir jiddfereen
De 9. September 2011 ass FraeFoussballsdag zu Monnerech
Bis am Alter vu 14 Joer sinn d’Foussballséquipen zu Lëtzebuerg gemëscht. Trotzdem fënnt d’FLF dass et net genuch weiblech Lizenzen gëtt. Dowéinst gëtt et och tëschent den eelere Spillerinnen e groussen Altersënnerscheed.
Fir deem entgéint ze wierken invitéiert di lëtzebuergesch Foussballsfederatioun de 9. September op de Centre de Formation zu Monnerech. Um nationalen Dag fir Fraefoussball däerfen sech Meedercher bedeelegen, déi tëschent 1998 an 2001 gebuer sinn.
Um Programm: Animatiounen, Workshops an Training.
Schreiw dech an op : dames@football.lu








COMMENTS