Foussball: Bass du Spiller oder Spillerinn?

Méi Spaass a gemëschten Équipen?

A Norwegen besëtzen d'Männer 60% vun de Foussballslizensen. Wéi steet et zu Lëtzebuerg? Nëmmen 1,3 % vun de Lizenzträger wieren hei Meedercher. A Frankräich sinn et der 2%, genausou wéi an England an an Italien.

De Xavier Breuil vum cevipol huet di Zuelen recherchéiert. Hien erkläert dass an de skandinavesche Länner déi Jonk méi laang a gemëschten Équipen sëtzen. A Frankräich ass dat zum Beispill net esou de Fall. An zwar well d'Fraebewegungen sech viru ville Joren dogéint gewiert hunn. An de 70 er Joren wollten di franséich Frae zwar di selwecht Rechter wéi d'Männer, mä dogéint wollten si net esou liewen wéi d'Männer. Dofir hunn si et net interessant fonnt, ee Männersport ze bedreiwen.

Am Géigendeel dozou, woren si a Norwegen der Meenung dass Foussball eng flott Geleenheet wier, fir dass Jongen a Meedercher sech zesummendoen an vuneneen léieren. Dëss Démarche nennt een "co-educatioun", dat gëtt et zu Letzebuerg zum Beispill an de Scouten, wou d'Truppe jo seit Jore gemëscht sinn

Domat gesäis du dass ee je nom Land, eng ganz verschidden Opfaassung vun der Gläichheet kann hunn.

Wéi steet et da bei dir? Géings du am Foussballsclub an enger gemëschter Équipe eens ginn?

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS