12|05
Firwat net eng Metzlësch-Léier ?
Live dobäi beim Girls’day boys’day
Léiermeedercher “fir een Dag” haten sech den 12. Mee ëm halwer siwen beim Metzler Kaiffer afonnt fir hannert d’Kulissen vum Metzlerberuf ze luussen.
D’Meedchë vum Haus, d’Anne Kaiffer, hat sech hierer ugeholl.Hatt ass vum Metzler-Handwierk abolut iwwerzeegt „et ass eng flott an eng ganz präzis Aarbecht“ mengt hatt a léisst beim Gespréich séng sechs Schützlingen och net aus den Aen , spréngt spontan an fir bei de Spargel-Kroketten ze hellefen oder d’Schnitzel fachgerecht ze préparéieren.
Leider fehlt et de Moment zu Lëtzebuerg beim Metzlerhandwierk, wéi bei all Handwierk, un Nowues. Di Jonk hun d’Tendenz sech net wëllen “ze vill” ze ploen, stellt d’Anne fest, dobäi ass et en immens flotte Beruf matt vill Kréativitéit an Ofwiesselung.” D’Käch déi do schaffen maachen ëmmer erem nei Saachen an et ass einfach och flott d’Resultater ze gesinn déi vun de Clienten immens appréciéiert gin.
6 Deeg an der Woch
Anescht wéi de Bäcker dee schon an der Nuecht an der Baakstuff steet, fänkt de Metzler mueres géint 6 Auer unn a schafft och 6 Deeg an der Woch. Virun de Feierdeeg ass en dann och mol scho méi fréi do fir deene ganze Commanden Meeschter ze gin.
16 Schülerinnen hate sech beim Metzler Kaiffer an der Groussgaass gemeld, mee wéinst der Plaz konnten der nëmme 6 geholl gin. Si hunn alleguerten ganz zefridden geschéngt matt hierem Choix, woren verdéiwt a konzentréiert fir sech an deem neien Emfeld eremzefannen. An déi eng oder aner Schülerinn wier och mol guer net ofgeneigt fir dëse Beruff spéiderhinn ze ergräifen.
Mir wieren op jidde Fall immens frouh, seet Anne Kaiffer, wa méi Jonker sech géife fir dëse Beruff interesséieren.








COMMENTS