Fair-play am Sportsevräin
Gläichberechtegung leeft och duerch Fair-play. Et stëmmt zwar, dass een an de meeschten Kompetitiounen keng Meedercher gesäit déi géint Jongen optrieden (eng Ausnahm wier zum Beispill Reiden). Mä d'Federatiounen bleiwen di selwecht fir Jongen a Meedercher, an et ginn och Sportsclubben, wou d'Jongen mat de Meedercher zesumme trainéieren (Judo, Liichtathletik, Dëschtennis...) Dat ass eng wonnerbar Geleeënheet fir Fair-play vis-à-vis vum anere Geschlecht ze léieren. An da wees du spéider och, wat Fair-play am öffentlechen oder am berufflëche Liewen ass.
Méi iwwert Sport an Sportsfederatiounen fënns du op http://www.sport.public.lu.








COMMENTS