Expo: Fraen aus Bolivien
Una Gota de mi vida - Eng Drëps aus méngem Liewen. Sou heescht d'Ausstellung iwwer Liewensgeschichten vu bolivianesche Fraen déi een bis den 29. Abrëll an der Gemeng vu Mamer kucke konnt.
An däer Expo huet sech ee groussen Deel vun de Geschichten ëm d'Thema Gewalt gedréint: déi psychesch, physesch a sexuell Gewalt, deenen dës Fraen dagdeeglech ausgesat sinn, an déi oft hiert Liewe bestëmmen. Een Deel vun der Ausstellung beschäftegt sech och mam Vergläich tëschent Bolivien a Lëtzebuerg, am Beräich vun der Educatioun, Gesondheet, Alkohol a Gewalt. Si ass entstanen aus der Zesummenaarbecht vun der ONG "Eng Bréck mat Latäinamerika" aus Lëtzebuerg, der ONG "Infante" aus Bolivien an dem Fanni Muller, dat 10 Méint a Bolivien verbruecht huet.








COMMENTS