Expo: D'Männer am Stot
Zu Véianen leeft demnächst de Salon vun der Karikatur a vum Cartoon. D'Thema dëst Joer ass: "l'homme au foyer". Comic Zeechner a Cartoonisten aus der ganzer Welt maachen ab den 8. Mai do mat, an huelen dat traditionellt Bild vum Mann a vum Stot op d'Schëpp. De Salon leeft bis de 6. Juni, ënnert dem Patronage vun der Ministesch fir Chancegläichheet, Françoise Hetto-Gaasch.
Ok, hei geet em Karikaturen... mee am richtege Liewen, do ginn et Männner déi Tatsächlech am Stot bleiwen a sech ëm d'Kanner këmmeren, an och nach dobäi kachen a botzen. Esou Männer wäerten et ëmmer méi dacks ginn, well si nämlech och d'Recht hunn op ee Congé parental.








COMMENTS