Equal Pay Day: Eng gläichberechtegt Pai fir Mann a Fra

Männer a Fraen sollen fir di selwecht Aarbecht dat Selwecht Bezuelt kréien. Dat ass d'Fuerderung vum Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL), dee mengt dass Fraen zu Lëtzebuerg nach ëmmer ënnerbezuelt ginn. Dofir huet den CNFL den 20. März säin éichten "equal Pay day" organiséiert, an huet eng Petitioun lancéiert, wou de Stat gefrot gëtt d'Entreprisen drun ze bréngen, dass d'Gesetz respektéiert gëtt.

Eng aner Fuerderung vum CNFL ass, dass eng gläichberechtegt Pai an all Kollektivvertrag ageschriwwe gëtt. Den CNFL erënnert och drun, dass am Joer 2009 d'Fraen am Duerchschnëtt 15 % manner verdéngt hu wéi d'Männer. Allerdéngs weist di Rechnung éichter drop hinn, dass Fraen am Duerchschnëtt méi schlecht Aarbechtsplazen kréien.

COMMENTS

01|06 BY SANDY

Ginn et heizou och konkret Beispiller mat Zuelen? Well et just soen ass eppes, mee enger jonker Fra et (be)weisen, wéivill Ennerscheed dat op der Pei ass, géing vill méi ausmaachen.
Also, wou sinn d'Zuelen?




Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS