Ee Ministère fir Chancegläichheet
Ee spezielle Ministère suergt dofir dass Fraen a Männer mat gläiche Rechter kënnen zesummeliewen. Dat ass de Ministère fir Chancegläichheet. U senger Spëtzt ass seit 2009 d'Ministerin Françoise Hetto-Gaasch.
Regelméisseg ennerhëllt de Ministère a verschidde Beräicher Aktiounen, fir d'Chancegläicheet ze förderen
-
Andeems en Hëllef proposéiert fir d'Aarbechtsbedingungen vun deem engen oder deem anere Geschlecht an enger Entreprise ze verbesseren
- Andeems d'Gewalt géint Fraen a Meedercher bekämpft gëtt.
- Andeems opgepasst gëtt fir dass an der Politik Fraen a Männer ëmmer gläichgestallt ginn.
- Regelméisseg mécht de Ministère Mediekampagnen, fir d'Leit drop opmierksam ze maachen dass jiddereen vum Thema Chancegläichheet betraff ass, an dass jiddereen dozou bäidroen kann. Zu deenen gehéiert och d'Kampagne "Bass du Mega?", wou spezifesch di Jonk geziilt ginn.








COMMENTS
11|05 BY CHRIS
ech fannen daat ass eng gudd saach well ech fannen jiddereen soll selwecht bezuelt ginn wann een op der selweschter plaatz schafft!