D'Zuel vum Dag: 26 Prozent

Am Duerchschnëtt gi 26% vun allen Congés parentaux vun de Pappen ugefrot, an di Zuel geet lues a lues erop. Wann een d'Gewunneschte vun de Letzebuerger Famille vu méi no kuckt, mierkt een och dass de Papp meeschtens den zweete Congé parental hëllt (all Elterendeel huet Recht op ee Congé parental fir all Kand dat ënner 4 Joer al ass). An zwar sinn et 78% vum zweete Congé parental, déi vu Pappen ugefrot ginn.

Dat entsprëcht enger spezifescher Familliestrategie. Wann d'Kand op d'Welt kënnt, kritt seng Mamm automatesch ee Congé de maternité. Vill Mammen huelen de Congé parental direkt duerno.

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS